top of page
werbung
Bild groupe scouts

Du wëlls och en Deel vun den "Les Diables Rouges" ginn,
da fëll dëse Formulaire aus a mär mellen eis iwwer Email bei där.

bild scouts adventure

Merci!

WhatsApp Image 2024-11-06 à 10.51.04_e86d3d93.jpg

Frënn vun den Diables Rouges

Mär brauchen är Hëllef! De Grupp vun den Diables Rouges ass nach jonk, mee dofir awer immens aktiv. Eis Cheffen a Cheftainë bidden de Kanner a Jugendleche vill flott an intressant Aktivitéiten a ginn hinnen d’Méiglechkeet fir nei Frënn ze fannen an am géigesäitege Respekt zesummen ze schaffen an ze spillen.

​

Mär hunn d’Chance 2025 eise frësch renovéierte Chalet an der Natur anzeweien, deen en ideale Kader fir eis Scoute bitt. Mee de Chalet an och d’Aktivitéite kaschten natierlech vill Suen. D’Gemeng Esch an de Ministère de l’Education Nationale, de l’Enfance et de la Jeunesse hunn eis finanziell bei der Renovatioun immens ënnerstëtzt, mee déi lafend Käschte musse mär als Club droen.

​

Dofir freeë mär eis iwwer all groussen a klenge steierlech ofsetzbaren Don deen Der op dëse Kont kënnt maachen:

 

Fondation AGGL-FNEL

CCPL LU85 1111 0000 4343 0000

 

mat der Mentioun DON DIABLES ROUGES

 

Mär soen Iech villmools merci!

Scouts Les Diables Rouges de la Ville d’Esch-sur-Alzette ASBL

Siège social: Hôtel de Ville, 4002, L-4002 Esch-sur-Alzette

RCS Luxembourg: F9647

Gruppechef: Isabelle Baustert-Olsem

logo

Versammlungen

Samschdes vun 10:00 bis 12:00

WËLLECHER

bottom of page